top of page
Buch Minett

Entdeckt
dat
1. Buch vum Malou MATHIEU
an Zesummenaarbecht mam Sue SCARANO

Anchor 1
371509623_692253532942196_7166407200490232092_n.jpg
Mathieu_Differ_1535_208.jpg

Meng Geschicht

Ech sinn eng lëtzebuergesch Artistin an Autorin, gebuer 1982 an der Stat.

No mengem Ofschloss am Lycée Technique Michel Lucius hunn ech ugefaangen a verschidde Mol- an Zeechekueren ze goen,, wei zum Beispill am „Madart“, am „Articulum“ oder och an der Summerakademie.

 

2016 hunn ech du Bekanntschaft mat de lëtzebuergeschen Urban Sketchers gemaach, déi sech eemol de Mount treffe fir zesummen op der Plaz ze molen. Zanter deem huet d’Urban Sketch Féiwer mech gepaack, an ech war 2 mol mat op international Symposiumen. Déi éischte Kéier 2018 zu Porto an déi 2. Kéier 2019 zu Amsterdam. Meng Technik hunn ech dunn nach duerch e Kuer beim engleschen Urban Sketcher Ian Fennelly zu Bréissel perfektionéiert.

2019 hunn ech dunn d’Idee gehat fir e Buch iwwert de Minett mat Zeechnungen ze maachen. Dëst Buch koum dunn am Juli 2022 op de Maart.

Net nëmmen am Urban sketching sinn ech passionéiert, mee och am Airbrush. Fir den Airbrush besser beherrschen ze léieren, war ech 2015 an e Kuer op Neuhofen an Däitschland, an 2020 hunn ech en intensive Stage op engem Airbrushcamp zu Maxdorf an Däitschland gemaach.

An enger Zäit déi ëmmer méi beschleunegt, wielen ech d’Entschleunegung. Dat geléngt mir gutt mat mengen 2 Passiounen, vum Urban Sketching a vum Airbrush déi mir et erlabe roueg an entschleunegt ze schaffen.

À propos
Oneline Buttek
My Books
In the press
An der Press

C’est au centre culturel «Aalt Stadhaus» de Differdange au 38, avenue Charlotte que Malou Mathieu expose 42 aquarelles sur les 350 qu’elle a réalisées pour son projet sur le Bassin Minier. Un projet tout à fait exceptionnel, la qualité étant tout à fait au rendez-vous, les sujets traités et montrés par l’artiste vous feront découvrir, comme sans doute jamais auparavant, la région du Minett.

Michel SCHOEDER

Séance de dédicace
Ausstellung / Ënnerschrëftsstonn

Nächste Rendez-vous

2.6.2024: Kuki à Kehlen

20220708_190347.jpg
bottom of page